Den 2tn Abrëll ass den Welt-Autismus-Dag, dann ginn Weltwäit Gebaier blo beliicht.

Et ass eng international Action, déi an den USA vun der Autism Speaks fir d’éischt am Joer 2010 organiséiert gouf. Si huet Ziel d’Leit ob den Autismus opmierksam ze maachen an se ze sensibiliséieren. Verschidde privat an ëffentlech Gebaier, wäerten fir des Action, vum 30tn Mäerz bis den 3tn Abrëll blo beliicht sinn. Vereenzelt Gebaier souguer den ganzen Abrëll.

An deem Zesummenhang hunn ech en Led Liicht Schëld entwéckelt, wat och blo opliicht an ob d’Action soll hiweisen.

Wann Dir, “Fondatioun Autisme Luxembourg”  wëllt ënnerstëtzen , dann bestellt Iech, fir den Präis vun nëmmen 25 Euro en “Light It Up Blue” Liicht-Schëld. Et ass fir den gudden Zweck an Dir erhaalt eng aussergewéinlech Luucht déi net jiddereen huet.

All eenzelt Stéck ass en Unikat aus Holz an Plexiglas, wat an Handaarbecht hiergestallt gëtt. Den Stroumverbrauch ass manner ewéi 0.5 Watt, also perfekt  fir als Dauerliicht oder Nuetsluucht.

ledoff

Wann een Led Schëld iwwert dat matgeliwwert Netzdeel uschléisst, liicht et an engem coolen blo. Et kann een se awer och un en USB Port uschléissen.

Datt ganzt ass ongeféier 10cm héich, 10.5cm breet an 5.8cm déif.

top001.JPG

Geliwwert gëtt:

  • 1 Plexiglas Schëld, “light it up blue”
  • 1 Holzenen Sockel, an der Faarf Mahagoni, mat bloen Luuchten dran.
  • 1 Micro USB Kabel.
  • 1 Netzdeel

Den Porto an Verpackung:

  • Letzebuerg 3 Euro
  • Europa 5 Euro
  • Rescht vun der Welt 8 Euro.

Hei kennt dir Led Schëld bestellen.

button2

 

Ech schécken Iech dann esou schnell wei méiglech Gesamtzomm an Bank Informatiounen fir d’Iwwerweisung.

Ech soen Iech am Numm vun der Fondatioun Villmools Merci.

 

 

 

Light it up blue vun der Fal.lu

Light it up blue vun autism speaks