Eng Zukunft mat Liewensqualitéit.
Moien, ech sinn den Alain, Papp vun engem 19 Joer alen Autist, dem Scott. Hien ass säin Liewe laang op 24/7 Betreiung ugewisen. Mir als Famille maachen eis Suergen em Zukunft vun Him a vun Eis. An ech denken do si mir net eleng.
Och wann et och Autiste gëtt, déi méi autonom sinn, wäerte si awer hiert Liewen laang op Betreiung ugewisen sinn.
Ech wäert hei Saache soen, déi net oft ëffentlech gesot ginn, mee et gëtt Zäit dat eppes geschitt.
Virun engem hallwe Joer hunn ech ugefaangen, mech selwer op de Wee ze maachen, fir nei Betreiungsstrukturen a geeegnet Wunnengen ze organiséieren.
Mat enger Iddi am Koffer sinn ech Klensche drécke gaangen, well ech der Meenung war, datt am Sozialstaat Lëtzebuerg all nei Iddi, déi de Besoine vun eise Léifsten ofdeckt an hinnen eng Zukunft bitt, mat oppenen Äerm empfaange gëtt.
Wat ech begéint hunn, bis op e puer Ausnamen, ass e virgespillten Interessi, keng Motivatioun, an nëmmen Hürden. Mat anerer Wierder: Et geet ëm Geld, Muechtspiller an Situatioun klengspillen. Geet net em de Besoin.
Ziffere, déi op Basis vun deem wat ech fonnt hu, mat EU-Daten an 3-4 Joer ale Studie vun der Uni Lëtzebuerg, weisen op ee katastrophalen Zoustand hin.
Statisteschen Daten no, gëtt et min 6000 Leit am Spektrum hei am Land. 670 Autisten dorunner sinn am Grad 2 oder 3. Dës Leit sinn op eng Dagesbeschäftegung ugewisen an iergendwann op en Hebergement, wou se e liewenswäert Liewe féiere kënnen.
Aktuell gëtt et manner ewéi 100 esou spezialiséiert Wunnengen, déi allerdéngs voll beluecht sinn. Dat féiert dozou, datt 8,2% vun de Leit am Spektrum an dësem Grad an der enger oder anerer Struktur sinn, wärend den EU-Duerchschnëtt 30% ass. Et heescht awer och, datt iwwer 70% doheem bei den Eltere sinn.
Mir si leider iergendwann net mei fir si do an Zukunft gesäit esou aus, dat dës Autisten iwwer kuerz oder laang entweder vun hire Geschwëster oder anere Familljemembere betreit musse ginn, oder si op eng ganz schwéier Rees duerch Psychiatrië maachen an iwwerall dohi kommen, wou se net spezialiséiert betreit kënne ginn.
Dofir mellt Iech. Et geet ëm eng Ziffer, an dës Ziffer gëtt eist d’Argument, fir de Bau vun neie Strukturen.
Drot Dir Iech w.e.g. ganz onverbindlech an den Newsletter an.
Da kann ech Iech Informeieren:
- demnächst get et eng Emfro, fir eng Etude de Besoin.
- Dem Projet Wunnen an Liewen.
- alles wat soss relevant ass, an Zukunft vun eise Kanner betrefft
Är E-Mail an all aner Info gëtt natierlech vertraulech behandelt, an dës Donnéeën stinn op enger verschlësselter Festplack.
Your message has been sent
Merci fir ären Intresse
Alain Mauer